Lëtzebuerg, 4 März 2022

Léif Frënn vun de Lions,
Léif Frënn vun der Ukrain,

D’Banque Alimentaire vu Lëtzebuerg wëllt d’Ukrain an hir Awunner op zwou Manéieren ënnerstëtzen:

Engersäits mat engem substantiellen Don un déi Europäesch Federatioun vun de Banques Alimentaires, déi op der Plaz wäert Hëllef leeschten, an Zesummenaarbecht mat de lokale Banques Alimentaires aus den Nopeschlänner vun der Ukrain. Anerersäits ginn d’Stocken op d’Arrivée vun ukrainesche Flüchtlingen zu Lëtzebuerg préparéiert.

D’Banque Alimentaire biet Iech dofir ëm Är Ënnerstëtzung, fir dëse grousse finanziellen Effort kënnen ze bewältegen a fir d’Versuergung vun der defavoriséierter Populatioun zu Lëtzebuerg a vun de Réfugiéen weider ze garantéieren.

Mir invitéieren doriwwer eraus all Lions-Club, Kollekten z’organiséieren, fir d’Stocken op ze fëllen. Besonnesch gebraucht ginn och Produite fir Puppelcher an Hygiène-Artikelenen, zousätzlech zu de gewinnte Liewensmëttel.

D’Done kënnen op de Kont vun der Banque Alimentaire oder iwwer Payconiq geschéckt ginn.

BCEE LU21 0019 1255 8082 6000

All aner nëtzlech Referenze fannt Dir um Internetsite vun der Banque Alimentaire vu Lëtzebuerg. www.banquealimentaire.lu

D’Banque Alimentaire seet Iech am Viraus Merci fir Är wäertvoll Hëllef.

Mat beschte Gréiss,

Banque Alimentaire,
Jean Rodesch, President