Den 20. Juni war et souwäit, den Claude Wollner huet d’Präsidentschaft vum Lions Club Echternach un den Ed Fritz weider gereecht.

Mais vierun der Paasation des pouvoirs haate mer nach eng Assemblée générale extraordinaire wou iwert déi nei Statuten vum Club diskutéiert gin ass. Well no den Diskussiounen nach e puer Punkten mussen adaptéiert gin, koum et nach nött zum Vote final.

No dem méi statutareschen Deel koum den méi lockeren Deel vum Owend.

Den Claude Wollner huet e kuerze Rëckblëck iwert seng Präsidentschaft gemach.

Duerno huet en all denen Merci gesoot déi em extra gehollef haaten während dem vergangenen Joer

Dun koum de Moment wou d’Präsidentespëngel un den Ed Fritz weider gereecht gin ass

An den Ed huet seng Spëngel vum 1. Vizepräsident un den Jean-Claude Havé weidergereecht

Den Ed huet och nach dem Claude an dem Jean-Claude merci gesoot

An last but not least sin vill Remercimenten un d’Damen geriicht gin