Den 3. Juli war et souwäit, den Edouard Fritz huet d’Präsidentschaft vum Lions Club Echternach un de Jean-Claude Havé weider gereecht.

Nom Apero op der Terrasse hunn d’Memberen dunn am Sall um 1. Stack un de ronnen Dëscher Plaz geholl.

Nodeems den Ed kuerz op säi Presidentenjoer agaange war a jidderengem Merci gesot huet den en dat Joer ënnerstëtzt hat, huet en d’Presidentespëngel un de Jean-Claude weider gereecht an nach e puer Kaddoen iwwerreecht.

Duerno huet de Jean-Claude dem Elvire mat engem klenge Cadeau Merci gesot fir seng gutt Ënnerstëtzung vum Président sortant an huet dun dem neien 1. Vizepresident, dem Gérard Schroeder déi entspriechend Spéngel iwwerreecht.

Als Ofschloss huet de Jean-Claude dunn nach nach de Programm 2026-2027 presentéiert.