Léif Alleguer,
Dir waart warscheinlech schons drop wou ons Rees des Joer higeet, an nodeems déi éischt Destinatioun, déi ech rausgesicht hat (Como) wéinst iwwerdriwwen héijen Préiser net konnt emgesaat ginn, hunn ech elo déi Stadt fonnt, wou mir vum 29/05/2025 op den 01/06/2025 hifueren.
Et geet op CAEN an der Normandie.
Mir logéieren an engem klengen 5 Stärenhotel, an deem et och en 1 Stärenrestaurant get. Et handelt sech beim Hotel em den Hotel IVAN VAUTIER.
Et ginn 3 Kategorien Zëmmeren.
5 Junior Suiten an/oder Grand luxe zu 215 Euro/d’Nuecht
4 Luxe an/oder Premium zu 188 Euro/d’Nuecht
6 Confort/Supérieur zu 165 Euro/d’Nuecht
Fir net zevill Zéit ze verléieren geng ech iech bieden iech esou séier wéi mëglech fir en Zëmmer ze entscheeden, datt ech dem Hotel matdeelen kann wivill Leit matkommen. Mir mussen hei bis zum 28/02/2025 Bescheed soen.
Ech geng iech dann och bieden en éischten Accompt vun 800 Euro/pro Persoun op onsen Kont No LU80 0030 4299 9437 2000 bei der Banque Générale ze iwwerweisen.
Ech hunn muer a Rendez-vous beim Reesbüro « Voyages Schmit » mat deenen mir jo déi lëscht Joren op ons Rées gefuer sinn.
Ausserdem wäiten dMarina an ech an nächster Zéit eng zweeten Kéier op CAEN fueren fir den Programm ze vervollständegen.
CAEN feiert ausserdem 2025 séin 1000 jähregen Gebuertsdag (et sinn och Leit, déi soen, datt dat eréicht 2027 wär). Et ass awer sëcher dat dëst Joer d’Feierlechkeeten schons ufänken.
Dir kritt natierlech an deenen nächsten Wochen weider Informatioun vun mir.
Ech wollt hei och nach eng Kéier dem Christian, onsem Member, ganz spéziell Merci soen. Hien hat CAEN an deem Joer wou hien Président war,
als séin Plang B virgesinn a mir all déi noutwëndeg Informatiounen zoukommen geloos.
Är Umeldung kënnt dir beim Marc Sand oder bei mir machen.
Sollt dir nach Froen hunn, kënnt dir iech natierlech gären bei mir melden.
Mat beschte Gréiss,
Claude